Ee Bléck an d'Geschicht vum Daring

1908 bis haut

 

Deen éischten Iechternacher Foussballveräin gouf 1907 gegrënnt. De Veräin huet sech "Jeunesse" genannt. Grënnungspresident war den Théodore Merten.

 1913 huet de Veräin sech reorganiséiert an en neien Numm kritt: " Cercle des Sports" resp. "Sport-Cercle Echternach" (SCE). Den Ausbroch vum 1. Weltkrich huet dem Veräi säin Enn bedeit. Hien huet nach d'Championnat 1914/15 fäerdeg gespillt, sech aus deenen zwee nächste Championnater awer all Kéier fréizäiteg zréckgezunn, well net méi genuch Spiller do waren.

Den Ustouss zur Grënnung vum "Daring Club Echternach", wéi de Club nach haut genannt gëtt, goung vu Fussballbegeeschterte Studenten aus dem Iechternacher Kolléisch aus. Déi offiziell Grënnungsversammlung war den 28. Mäerz 1921 am Lokal vum Michel Lorenz an der Halergaass. Zu de Grënnungsmemberen hu gezielt: Jos Artois, Jean Casel, Victor Kries, Michel Lorenz, Alphonse Namur, Ferd Scheuer, Nicolas Welschbillig, Henri Welschbillig. Éischte President war de Jos Artois. Fir den Numm vum Veräin (ofgeleet vum Engleschen "to dare", d. h. "woen", "sech trauen") gouf sech beim deemools ganz bekannten 1895 gegrënnten Daring-Club vu Bréissel inspiréiert. Nach am Grënnungsjoer gouf dat sougenannt "Daring's Léid" (Lidd) vum Spiller a Komiteesmember Nicolas (Néckel) Welschbillig gedicht.

Enn 1936 ass op Initiativ vum Sportsjournalist Armand Kayser en zweete Fussballclub zu Iechternach entstanen, dee sech ufanks "Juventus", kuerz duerno awer "Racing-Club" genannt huet an an der "Fédération Sportive Ardennaise" (FSA) Member war. Wéi den neie Veräin et 1939 net gepackt huet, fir an d'FLF opgeholl ze ginn, huet e seng Aktivitéit agestallt

Am Zweete Weltkrich gouf den Daring vun de Nazie forcéiert säin engleschen Numm opzeginn a sech "F.C. Wacker Echternach" ze nennen. Ënner deem Numm war den Daring nach am August 1942 aktiv, ier hie seng Aktivitéit am Laf vum Joer agestallt huet. Vill jonk Leit aus dem Daring goufen zwangsrekrutéiert. Dräizéng Daring-Membere sinn am Krich ëmkomm, dorënner de Lucien Bentz, deen de 25. Februar 1944 zu Hinzert erschoss ginn ass.

Am August 1945 huet den Daring seng Aktivitéit erëm opgeholl; beim Championnat 1946-1947 huet en nees matgespillt.

An der Saison 1948-1949 huet den Daring Nic Touba säin 1. Trainer engagéiert, den bezuelt ginn ass.

1959 stungen d'Junioren an der Final vun der "Coupe Prince Jean", déi si 1-3 géint d'Jeunesse verléieren.

1979: Aweihung vum “neien” Terrain (haut Grasterrain) a vun engem neie Veräinsfändel

24. – 30. August 1981: Feierlechkeeten am Kader vum 60. Anniversaire (Brochure, Journée des Anciens, Semaine du Foot)

2. Abrëll 1983: De Franz Beckenbauer ass op Besuch am “Bréil”

31. Mee 1991: Eis Junioren gewannen d’Coupe du Prince

1993: De Veräin kritt de Satut vun enger A.s.b.l.

1996: Feierlechkeeten am Kader vum 75. Anniversaire (mat ënnert aanerem enger Fotoausstellung, enger Brochure, engem Videofilm an enger Journée des Anciens)

1998: Am Kader vum EM-Qualifikatiounsmatch Lëtzebuerg-England trainéiert déi englesch Nationalequipe mat Spiller wéi Beckham, Seman, Owen a  Shearer am "Bréil".

2005: Organisatioun vun der 1. RTL-Fuesfiesta zu Iechternach, zesumme mat der Harmonie Municipale Echternach

2006: Aweihung vun der neier Tribün

2011: Feierlechkeeten “90 Joer Daring Club Echternach”

2013: Feierlech Aweihung vum syntheteschen Terrain

2021: “100 Joer Daring Club Echternach” (Opgrond vun der Corona-Pandemie ginn d’Feierlechkeeten op 2022 verluegt.)

EIS PRESIDENTEN

 
  • 1921-1928 : Jos Artois
  • 1929-1932 : Ernest Weber
  • 1933-1935 : Dr Emile Gretsch
  • 1936-1947 : Ferd Scheuer (Ënnerbriechung am Laf vun 1942 bis August 1945)
  • 1947-1954 : Emile Faber
  • 1954-1965 : Dr René Trierweiler
  • 1965-1970 : Jean Wengler
  • 1970-1971 : Jos Kayser
  • 1971-1984 : Charles Juda
  • 1984-1989 : Paul Schwebag
  • 1989-1991 : Gilbert Schmit
  • 1992-1994 : Vic Diedling
  • 1994-1995 : Marc Colbett (Interim)
  • 1995-2003 : René Faltz
  • 2003-2013 : Nico Flies
  • 2013-haut : Marcel Heinen

Mir kucken zeréck op 100 Joer Daring

 
 
224011d6a1d03e2ad7cec51efe8e77be116031_.jpeg
 
 Am Kader vum Centenaire huet den Daring Club Echternach am Januar 2022 ee Buch iwwert
déi 100järeg Geschicht vum Veräin rausbruecht.