Presentatioun vum Buch op der Gemeng

224011123980517bd36a646e579e4a4c4105f5_.jpeg
 

De 7. Februar ass d‘Buch "100 Jaouer Daring Eechternoach - Mir erënneren is“ op der Gemeng virgestallt ginn. De Buergermeeschter Yves Wengler an d‘Schäffen Ben Scheuer a Ricardo Marques hu bäi dëser Geleegenheet ee Buch iwwerreecht kritt.

"100 Jaouer Daring Eechternoach - Mir erënneren is"

224011891acaf234782965851f0ab84867fc8d_.jpeg

 

Op iwwer 300 Säiten kucke mir zréck op d’Geschicht vum Daring. Interessant Artikelen, illustréiert mat ville Fotoen an Dokumenter, liwweren een Abléck op déi schéin an erfollegräich Zäiten mä  awer och op manner schéin Zäiten, déi de Veräin an deene leschten 100 Joer erlieft huet. De Bréil a seng Vergaangenheet, d'Virgeschicht vum Daring, Anekdoten a Perséinlechkeeten, déi de Veräin gepräägt hunn, dem Daring seng Arbitteren, d'Playprofs ... sinn nëmmen e puer vu ville weideren interessanten Sujeten, déi am Buch thematiséiert ginn.

D’Buch kënnt dir fir 35 Euro op enger vu folgenden Adressen kafen: Electricité Wagner, Quincaillerie Rollmann, Kfé beim Cyrille, Gemeng Echternach, Tourist Office Echternach, Gedrénksbuttek Weber, Samkats, Trifolion.

An der Imprimerie de l'est

 
 
22401151e183e8d883c5423eaa4ae1d0e963f9_.jpeg
 
22401121cbc0e766af4fabf42a086d1c94aeac_.jpeg
 
224011c077e1ecb8af34d42900a4c57e3024c8_.jpeg
 
224011ccc83bf7b100ed32e580edcde9efe09b_.jpeg
 

 224011d7d74f3519166ab1174440e76b879ad3_.jpeg