Réckbléck op d'GENERALVERSAMMLUNG vum 9. Februar 2023


18 February 2023

Den 9. Februar hat den Daring Club Echternach op seng Generalversammlung am Festsall vun der Millermoaler Schull invitéiert.

No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwen Membere huet de President Marcel Heinen op d’Saison 2021/22 an op d’Hironn vun der lafender Saison zeréckgekuckt. Nom Ofstig an déi 2.Divisioun ass d’Zil, mam neien Trainer Georg Schanen a mat enger nei forméierter jonker Ekipp, nees sou séier méi méiglech opzesteigen. Aktuell steet déi 1. Equipe op der 2. Platz. Déi 2.Equipe konnt den Opstig an déi 3. Klass feieren.

Am Jugendberäich zielt de Veräin aktuell 177 Lizenzen. An de Kategorien “Bambinis“, “Pupilles“, “Poussins” a “Minimes” ass de Veräin mat jeeweils enger Ekipp am Championnat vertrueden. Bei de Scolaires, Cadets a Junioren spillt den Daring mat de Veräiner US Berdorf-Consdorf 01, Union Mertert-Wasserbillig an FC Victoria Rosport an der Entente Ënnersauer-Mëllerdall.

D’Jugendkommissioun mam President Julio Paulos organiséiert am Laf vum Joer divers Aktivitéiten fir hir Jugendspiller (Indoor-Tournoi, Péngscht-Tournoi, Kleeschen, Spaghettiiessen, Ofschlossgrillen, Ausfluch op e Bundesligamatch...). Ausserdeem organiséiert d’Jugendkommissioun zesumme mam Volleyball de Catering op der „Randonnée Charly Gaul“, mécht Atelieren um Schoulsportdag an hëlt um Cortège vun Nationalfeierdag an un der grousser Botz deel.

Den Organisatiounscomité „100 Jaouer Daring“ huet nach eng Kéier op d’Aktivitéiten vum Centenaire zréckgekuckt an dem Daring ee Chèque vun 5.000 Euro an der Jugendkommissioun ee Chèque vu 4.000 Euro iwwerreecht.

Am Numm vun der Gemeng huet de Ben Scheuer als Sportschäffen dem Organisatiounscomité fir 100 Jaouer Daring felicitéiert fir déi perfekt Organisatioun a fir dat flott Buch, wat si publizéiert hunn. Och huet hien vu Säiten vun der Gemeng weiderhin dem Daring seng voll Ënnerstëtzung zougeséchert an verséchert, datt déi Projeten, déi geplangt sinn ( Luuchten um Grasterrain, Parking, Umzäunung,....) Realitéit ginn.

Zum Schluss vun der Generalversammlung huet de President Marcel Heinen nach eng Kéier jidderengem Merci gesot, deen de Veräin ënnerstëtzt, sief et finanziell oder duerch säin Asaz um an nieft dem Terrain. Allez Daring!