
Comeback op der Trainerbänk
No enger Paus feiert de Pedro Rosa säi Comeback am Daring.
De "Pepe" gëtt neie Co-Trainer vun eiser 1.Equipe an iwwerhëlt d'Successioun vum Taras Senkiv, deen als Co-Trainer mam Mikhail Zaritski op Miersch gewiesselt ass. Goalkeepertrainer bleift de Knut Budzisch.
Mir freeën eis op d'Zesummenarbëcht a wënschen deem neien Trainerstaff vill Erfolleg.
ALLEZ DARING!