Randonnée Charly Gaul 2023
28 August 2023
E Sonndeg, 3. September fënnt déi 33. Editioun vun der Randonnée Charly Gaul statt. Den Départ ass um 09:30 op der Moartplaz. D'Arrivée vun der Course ass och nees op der Moartplaz. Zesummen mam Volleyball huet den Daring ee Gedrénks- an en Iesstand um Moart. Kommt bis lanscht ee Patt drénken oder ee Maufel iessen. Mir géifen eis freeën.