"100 Jaouer Daring Eechternoach - Mir erënneren is"


08 February 2022

Op méi wéi 300 Säiten kucke mir zréck op d’Geschicht vum Daring. Interessant Artikelen, illustréiert mat ville Fotoen an Dokumenter, liwweren een Abléck op déi schéin an erfollegräich Zäiten mä  awer och op manner schéin Zäiten, déi de Veräin an deene leschten 100 Joer erlieft huet. De Bréil a seng Vergaangenheet, d'Virgeschicht vum Daring, Perséinlechkeeten, déi de Veräin gepräägt hunn, dem Daring seng Arbitteren, d'Playprofs ... sinn nëmmen e puer vu ville weideren interessanten Sujeten, déi am Buch thematiséiert ginn.

D’Buch kann een fir 35 Euro op enger vu folgenden Adressen kafen: Electricité Wagner, Quincaillerie Rollmann, Kfé beim Cyrille, Gemeng Echternach, Tourist Office Echternach, Gedrénksbuttek Weber, Samkats, Trifolion.