Seniors I - Optakt vum Championnat e Sonndeg
16 August 2021
Nächste Weekend ass den Optakt vum Championnat an der 1. Divisioun.
Opgrond vun den Iwwerschwemmungen Mëtt Juli gëtt den 1. Championnatsmatch géint Lorentzweiler e Sonndeg, 22. August net wéi ursprünglech virgesinn heiheem mä auswäerts gespillt. De Match gëtt um 16:00 um Terrain 1 zu Lorentzweiler ugepaff.